Biissen: Déi onendlech Geschicht vum Google-Datenzenter am Iwwerbléck (2024)

Zanter Jore gëtt iwwer ee Google-Datenzenter zu Biissen geschwat. Ma wou ass den Dossier entretemps genee drun a wat ass an deene leschte Jore geschitt?

Net méi spéit wéi d'lescht Joer sinn Informatiounen zirkuléiert, dass de Projet keng Prioritéit méi wier fir déi amerikanesch Entreprise. Leschte Samschdeg am Background sot de Wirtschaftsminister Lex Delles dunn, de Projet vum Datenzenter wier net dout. Et géingen technesch Reunioune lafen. Wéi laang gëtt elo scho vu Google zu Biissen geschwat? A firwat steet nach ëmmer näischt?

2016

De 6. Dezember 2016 war den deemolegen LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider zu San Francisco an huet eng Foto mam Larry Page getwittert. Dat ass de Co-Fondateur vu Google. An dem Tweet steet, hien hätt mat him iwwer e gréisseren Investitiounsprojet zu Lëtzebuerg diskutéiert.

In San Francisco, I discussed the implementation of a major investment project in Luxembourg with the co-founder of Google Larry Page pic.twitter.com/vpHZzkTCMm

— Etienne Schneider (@EtienneSchneide) December 6, 2016

2017

Genee 7 Méint duerno, am Juli 2017, hat de Radio 100,7 du gemellt, dass den Internetris geplangt hätt, 1 Milliard Euro z'investéieren, fir een Datenzenter vun der neister Generatioun am Grand-Duché ze bauen. Am Wort waren dunn den 8. Juli weider Detailer gewuer ze ginn. Si hate mam Vizepremier a Wirtschaftsminister geschwat. Et wier een Accord de principe fonnt gi mat der Regierung. Allerdéngs bräicht et 25 Hektar. Méi spéit gouf präziséiert, dass Google 30 Hektar bräicht. Den Terrain zu Biissen um Rouscht wier perfekt, seet den Etienne Schneider, well den Datenzenter bräicht ganz vill Energie a Creos léich direkt niewendrun.

Tëscht Juli a September hunn d'Schwieregkeeten dunn ugefaangen. Déi néideg Surface war ugangs eigentlech séier fonnt ginn, um Rouscht tëscht der Luxlait an der Creos, andeems ee verschidde Parzelle regroupéiert. Allerdéngs huet sech dunn ee Bauer queesch gestallt, dee refuséiert huet, säi klengt Stéck – matzen an den 30 Hektar - hierzeginn.

Deemools hat d'Financial Times een Artikel doriwwer gemaach, dass e klenge Gromperebauer ee Milliarde-Projet kéint menacéieren. Fir d'éischte Kéier hat et eng Gromper op d'Une vun der Zeitung gepackt.

Méintelaang gouf negociéiert a Google huet ugefaangen, nervös ze ginn. Si hate kee Versteesdemech, dass d'Prozeduren zu Lëtzebuerg sou laang daueren an hunn een Ultimatum gestallt.

"Ech si gudder Déng, dass mer et kuerzfristeg wäerte packen, fir déi Terrainsproblematik ze léisen. An dann ass et un hinnen, eng Decisioun ze huelen, ob Lëtzebuerg zeréckbehale gëtt fir e Site oder net. […] Mee si wäerten net éiweg op eis waarden", sou den Etienne Schneider deemools.

Nodeems de Plang A duerch de Bauer gescheitert ass, huet de Staat am Plang B eng liicht aner Plaz fonnt vun 33 Hektar (opgedeelt op 15 Proprietéiten a 25 Leit) bei der Zone industrielle um Klengbousbierg zu Biissen mat där de Bauer dunn zefridde war. MEE och do gouf et eng kleng Parzell vu ronn 1,8 Hektar, wou et eng sougenannt "Indivisioun" gouf. Do war op d'mannst ee vun dräi Proprietären, deen den Terrain net verkafe wollt. Ufank September huet de leschte Co-Proprietär du säin Accord ginn: déi 33 Hektar, graff ëmgerechent, 47 Futtball-Terrainen, sti prett.

Google huet zu Lëtzebuerg Terraine kaaft

Dat huet den Internet-Ris e Méindeg confirméiert.



Den Terrain war eng Konditioun sine qua non. Dat heescht: ouni Terrain hätt Google mol net consideréiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Mee wéi iwwerall soss, spillen och hei Prozedure mat. D'Terraine leien an der Gréngzon.
"Och Google kritt keng Autorisatioun vun eis, fir an der Zone Verte e Betrib opzeriichten. Dofir muss déi Zone Verte fir d'éischt als Industriezon oder Zone spéciale, also als bebaubar Zon ëmklasséiert ginn. Do läit de Ball bei der Gemeng. An am Kader vun der Ëmklasséierung gi wéi iwwerall eng Rei Etüde vun eis verlaangt. Déi sougenannt strategesch Ëmweltpréiwung, do sinn eng Rei Saachen ze kucken: d'Integratioun an d'Landschaft, Vulleschutz, Fliedermausschutz, Biotopen, déi eventuell do sinn", sot den deemolege Staatssekretär am Ëmweltministère, Camille Gira, am Dezember 2017.

2018

Déi nächst Etapp ass elo, d'Terrainen ëmzeklasséieren. De Ball géif bei der Gemeng leien. Et lafe Faisabilitéitsetüden. Et heescht vun der Gemeng am Mäerz 2018, et wier een e bëssen a Verspéidung.

Am Dezember kruten d'Bierger vu Biissen de Projet virgestallt. Um Klengbousbierg soll eng Industrie- a Fuerschungszon entstoen. Wa Google an aner Entreprisë sech um Rouscht etabléieren, misst ee sech op vill Trafic gefaasst maachen. Ma do goufen direkt konkret Léisungen, wéi Rond-pointen an nei Stroosse presentéiert. De PAG misst geännert ginn. Den Datenzenter soll 15 Mol sou grouss wéi d'Belle Etoile ginn.

2019

D'Ëmklasséierung vun den Terraine gouf am Juni guttgeheescht am Gemengerot. Eng Woch méi spéit bréngt déi Decisioun allerdéngs de Gemengeconseil an d'Wackelen. Et gëtt Sträit am Schäfferot. Resultat: de Jos Schummer demissionéiert aus der CSV an am September 2019 och komplett als Buergermeeschter.

De Mouvement "Är Leit" huet d'Majoritéit am Gemengerot an am Oktober gëtt hire Kandidat den David Viaggi neien an och aktuelle Buergermeeschter. Hie kritiséiert, dass am Dossier Google weiderhi vill oppe Froe bleiwen. Notamment: "Wat soll gebaut ginn? Wéi grouss? Wéi vill Kaméidi bréngt et mat sech? A sou weider..."

Google bréngt de Biisser Conseil un d'Wackelen

De Buergermeeschter vu Biissen Jos Schummer demissionéiert aus der CSV a mécht eng Rei Reprochen un d'Parteispëtzt.

Google wëll zu Biissen een Datenzenter an zwou Phase bauen. No Méint, an deenen een näischt vun der amerikanescher Entreprise héieren huet, soen d'Responsabel vu Google zu Bréissel am November 2019, dass dat zweemol en Investment vu ronn 600 Milliounen Euro wier. Wat ass geplangt? Zwee ongeféier 30.000 Metercarré grouss Datenzentre mat zwee Stäck, maximal 25 Meter héich. Eng vun de Froen, déi aktuell am Raum steet, ass déi vum "Wéi soll den Datenzenter gekillt ginn?". Potenziell Léisunge ginn et och schonn, nämlech Waasser aus der Uelzecht. Den Impakt op d'Qualitéit vum Waasser, wat zeréck an d'Uelzecht lafe géif, wier geréng, sou Google. D'Temperatur géif zum Beispill net emol ëm 1 Prozent eropgoen.

Am Dezember gouf et eng Froeronn an der Chamber iwwer Google. Déi deemoleg CSV-Deputéiert Martine Hansen hat net manner wéi 12 Froen iwwer de Projet Google. Falls de Projet näischt géing ginn, erkläert de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, da kéint de Staat d'Terrainen zeréckkafen.

"Allerdéngs ass awer och sou festgehalen, datt de Präis och dee muss sinn, dee si bezuelt hunn an net dorop nach dierf Spekulatioun gemaach ginn. Mir sinn eis och eens an der Regierung, datt, falls dat doten net de Fall wier a mir deen Terrain missten zréckkafen, da géing deen Terrain natierlech kënne benotzt gi fir eng Aktivitéitszon, wéi mer der jo elo am Plan sectoriel eng ganz Rei virgesinn hunn."

Et ass Rieds vum MoU, dem "Memorandum of Understanding", deen d'Regierung, d'Gemeng Biissen a Google ënnerschriwwen hunn. D'Oppositioun, virop d'CSV, wëll gewuer ginn, wat am Text drasteet. Den MoU ass een Dokument, wou eng Intentioun festgeluecht gëtt, ouni dass et ee fixe Kontrakt ass.

2020

D'Gemeng Biissen kritt am Januar 170 Reklamatioune géint den 300 Säite laangen Deelbebauungsplang PAP fir de Google-Projet. Nieft Froe ronderëm d'Versigelung vum Terrain, de Waasser- a Stroumverbrauch, wëllen d'Bierger och gewuer ginn, wat Google der Gemeng konkret soll bréngen. Zwou lokal Biergerinitiative wiere sech géint de Projet vum Google-Datenzenter.

170 Reklamatioune géint de PAP fir de Google-Projet

Bannent 30 Deeg koume bei der Gemeng Biissen 170 Reklamatioune géint den Deelbebauungsplang PAP fir den Google-Projet eran.

Net just d'Oppositioun, ma och de Mouvement écologique fuerdert dann am Mee d'Publikatioun vum Memorandum of Understanding. De MouvEco hat iwwert hiren Affekot d'"Commission d'accès aux documents" domat befaasst, dass de Wirtschaftsministère an d'Gemeng Biissen d'Publikatioun vum MoU refuséiert haten. D'Kommissioun gëtt dem MouvEco Recht.

Am Juni kréien d'Deputéiert an der Chamber d'Dokument hannert zouenen Dieren ze liesen. De MouvEco ass allerdéngs virun d'Verwaltungsgeriicht gezunn.

De PAP fir de Google-Datenzenter krut am Oktober gréng Luucht vum Gemengerot zu Biissen.

De Memorandum of Understanding muss dem Mouveco net kommunizéiert ginn. Dat huet den Tribunal administratif an engem Urteel vun 32 Säiten am November 2020 festgehalen. De Mouvement écologique geet an Appell géint dat Urteel.

2021

Och an 2. Instanz huet d'Verwaltungsgeriicht am Abrëll festgehalen, datt de Wirtschaftsministère de Memorandum of Understanding mat Google dem Mouveco net muss ginn.

D'Ëmweltassociatioun MouvEco hat och géint déi punktuell Ëmklasséierung vum allgemenge Bebauungsplang, dem PAG, duerch d'Biisser Gemeng vum 20. Juni 2019 geklot. D'Verwaltungsgeriicht huet Recourse vum Mouvement écologique géint de Projet vu Google zu Biissen verworf. De MouvEco geet am Juli an Appell. De Recours vum Mouvement écologique gouf zwar an zweeter Instanz definitiv rejetéiert, ma dat huet awer 3 Joer gedauert bis Google eng Rechtssécherheet konnt kréien, dass op deem Terrain effektiv dierf gebaut ginn.

Affär Google: Mouvement Ecologique geet an Appell

An der Affär ëm de geplangten Datazenter vu Google zu Biissen geet de Mouveco an Appell géint d'Urteel vum Verwaltungsgeriicht.

Den Internetgigant Google kritt am Dezember an der Wallonie de rouden Teppech ausgerullt. Zu Lëtzebuerg gëtt kontrovers diskutéiert. An der Belsch, bei Mons, gëtt weider ausgebaut.

2022

De Projet vum Google-Datazenter gëtt am Mee 2022 nei evaluéiert, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Mam Projet an eiser Nopeschregioun kéint et de Fall sinn, dass Google eng "strategesch Nei-Ausriichtung" envisagéiert.De Wirtschaftsminister huet awer betount, dass een an denDiskussioune mat Google bis ewell net eraushéieren hätt, dass de Projet zu Lëtzebuerg näischt méi géing ginn. Mä de Ball läit eloebe bei der US-amerikanescher Tech-Firma, déi Bauplängvirleeë muss.

Och am Oktober 2022 gëtt et awer nach kee Liewenszeeche vu Google. De Projet vum Datenzenter zu Biissen wier net dout, mee léich de Moment op Äis, seet den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot. PAPe géinge virleien, mee Google géing de Moment awer, wéi et schéngt, net un den Ëmweltimpaktetüde weiderschaffen. Bis Mëtt 2024 muss Googled'Baugeneemegunge fir hire Projet ufroen. Soss huet de Staat d'Virverkafsrecht op den Terrain fir de Präis, fir deen e verkaf gouf. Wann déi zwou Parteie sech awer eens sinn, kann dësen Delai nach verlängert ginn.

Waarden op de Rond-point wéinst Google

Well Detailer zum geplangte Google-Datenzenter um Rouscht feelen, läit de Bau vun engem Rond-point tëschent der N7 an dem CR115 den Ament op Äis.

Well Detailer zum geplangte Google-Datenzenter um Rouscht feelen, läit de Bau vun engem Rond-point tëschent der N7 an dem CR115 am November 2022 op Äis. Dat bréngt déi politesch Oppositioun zu Biissen op d'Barrikaden. Am Fong hätten d'Aarbechte fir de Bau vun engem Rond-point op der Kräizung tëscht der N7 an dem CR115 um Rouscht schonn 2019 ausgeschriwwe solle ginn.

An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro seet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring, datt aktuell nach keen Dossier virläit, deen de Waasserverbrauch vum geplangte Google-Datenzenter zu Biissen chiffréiert. E "Memorandum of understanding" hat virgesinn, datt Google bis spéitstens Ufank 2024 misst eng Baugeneemegung ugefrot hunn.

2023

Op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien hat de Premier Xavier Bettel am Mäerz 2023 och en Treffe mat Google. Hei ginn et éischter negativ Nouvellen am Kader vu Biissen. "Den Datenzenter zu Biissen wier de Moment net Prioritéit bei Google".

De Premier Xavier Bettel: "Mir hu selbstverständlech iwwert den Datazenter zu Biissen geschwat, dat kann ech Iech net verstoppen. Et war e Sujet. Mä de Moment ass den Datazenter, wéinst der geopolitescher Situatioun an och wéinst den Energie-Froen net Prioritéit bei Google. Si hu Biissen nach ëmmer op hirer Agenda, mä net op der Prioritéitsagenda. Dat heescht, ech kann do näischt verspriechen. Mir wëssen, dass do Rendez-vouse sinn, wéinst den Terrainen, dat wäert nächst Joer och kommen."

De Premierminister Xavier Bettel zum Thema Google-Datazenter

Op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien hat de Premier Xavier Bettel en Treffe mat Google.

Am Abrëll, no laangen Diskussiounen, sollen endlech Neel mat Käpp gemaach ginn. Am Kader vun der Ëmgestaltung vun der N7 sollen op der zwee Kilometer laanger Streck am Ganzen dräi Kreesverkéier gebaut ginn. Een op Héicht vum Creos-Wierk, wou et an d'Industriezon "Am Séif" geet, een op der Kräizung, wou et op Biissen a Kruuchte geet a ronn een hallwe Kilometer méi wäit nërdlech een drëtten, deen am Fong ënnert anerem och bei den Datenzenter vu Google féiere sollt.

Op de Google-Datenzenter waart een iwwerdeems net méi. Den 22. November 2019 gouf den Avant-projet détaillé, fir d'N7 um Rouscht op enger Längt vun 2 Kilometer ze reamenagéieren, vum Mobilitéitsminister François Bausch geneemegt. Zanterhier hat sech awer nach net ganz vill, fir net ze soen, guer näischt gedoen. Dat louch och dorun, datt d'Gespenst vun engem Google-Datenzenter duerch d'Gemeng Biissen gegeeschtert ass. Well net ganz kloer war, wéi d'Versuergungsleitunge vum Datenzenter verlafe sollten, gouf de Rond-point net gebaut, well een d'Strooss méi spéit net nach eng Kéier oprappe wollt.

2024

De Projet Google-Datenzenter ass net dout. Dat huet de Wirtschaftsminister Lex Delles d'lescht Woch an der Emissioun Background ze verstoe ginn. Zënter Ufank vum Joer géife rëm intensiv Gespréicher mam amerikaneschen Technologie-Gigant lafen. Hie wier zouversiichtlech, sou de liberale Minister. Et wieren technesch Reuniounen, an deenen hien net dobäi wier.

De Projet Google zu Biissen ass net dout, esou de Lex Delles

De Wirtschaftsminister war den Invité an der Emissioun Background am Gespréich

Biissen: Déi onendlech Geschicht vum Google-Datenzenter am Iwwerbléck (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Domingo Moore

Last Updated:

Views: 6254

Rating: 4.2 / 5 (73 voted)

Reviews: 88% of readers found this page helpful

Author information

Name: Domingo Moore

Birthday: 1997-05-20

Address: 6485 Kohler Route, Antonioton, VT 77375-0299

Phone: +3213869077934

Job: Sales Analyst

Hobby: Kayaking, Roller skating, Cabaret, Rugby, Homebrewing, Creative writing, amateur radio

Introduction: My name is Domingo Moore, I am a attractive, gorgeous, funny, jolly, spotless, nice, fantastic person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.